4 Wochen - 4 Übungen - 1 staarkt Team
Wëllkomm bei der dogtask Summer Challenge 2026
No der Umeldung kriss du all Méindeg (03.08.; 10.08.; 17.08.; 24.08.) eng nei Trainingsaufgab als Video (mat Erklärungen) an engem Signal Messenger Gruppen-Chat.
Duerno hues du an däin Hond eng Woch Zäit, fir d'Übung an ärem eegenen Tempo ëmzesetzen an e Video dovun an den Chat ze posten.
Um Enn vum Mount gëtt et nach eng Bonus-Challenge:
Eng kleng Choreografie vun allen Übungen zesummen.
Déi dräi bescht Teams kréien e klenge Präis.
Wéi eng Übungen et genee sinn, a wéi déi Bonus-Challenge ausgesäit, dat gesäis de no denger Umeldung. ;)
Dës Challenge ass net geduecht, dee perfekten Hond ze fannen, mee fir iech als Team ze stäerken, Erfolleger ze erliewen an ze gesinn, wéi vill ee mat klengen, konsequente Schrëtt erreeche kann.
Ech si gespaant op är Fortschrëtter a freeë mech op är Videoen.
Participatioun: 60 €/Team
Mindestalter Hond: ca. 6 Méint (Sitz a Platz solle bekannt sinn)
Umeldungen ab elo bis den 01.08.2026 per Mail mam Betreff "Summer Challenge".
Hei bass du richteg, wann's. . .
. . . du däin Hond wëlls verstoe léieren - seng Natur, seng Bedürfnisser, seng Signaler.
. . . du mat dengem Welpen direkt déi richteg a wichteg Weiche fir en harmonescht Zesummeliewe wëlls leeën.
. . . du no Léisunge sichs fir dengem Hond (an dir) ze hëllefe bei Problemer, iwwerméissegem Stress, Aggressioun oder Angscht.
. . . du eng flott a kreativ Méiglechkeet sichs, däin Hond adequat auszelaaschten a mat him net nëmmen en Team am Alldag mee och an der Fräizäit wëlls ginn.
. . . du däin Hond net nëmme mental, mee och physesch wëlls gesond halen.
Wann dat alles dech uschwätzt, da kuck gäre weider op mengem Site a fann weider Informatiounen zu mir, menger Aarbechtsweis an Déngschtleeschtungen säit 2014.
Ozzy, Jet a Guinness (vu lénks no riets)