E Seminär fir Einsteiger, resp. frësch Ufänger, déi nach wéineg Kenntnisser am Dummy hunn.
Mir konzentréieren eis op Basiselementer, wéi de "kleiner Suchenpfiff", déi "Grouss Sich", d'Grondstellung an éischt Aweisen-Übungen. Eng zolid Basis ass immens wichteg am Dummy, sou datt een dës Elementer net oft genuch trainéiere kann. Dëse Seminär ass och eng ideal Méiglechkeet fir ze kucken, ob deen eegenen Hond roueg am Grupp schaffe kann.
Deelhuelen kënnen Hënn ab 4 Méint al.
Et gi 4 verfügbar Plazen.
Termin: 27. Abrëll 2025
Auerzäit: 15:00 bis ca. 18:00 Auer
Präis: 90 €
Wander- & Dummy-Weekend
Een Dag wanderen duerch eist schéint Mëllerdall an een Dag Dummytraining, dat ass Hike & Fetch.
Mir wäerte samsdes e flotten Tour duerch eis schéi Natur maachen a mëttes op enger Terrass eis stäerken.
Sonndes steet dann alles ënnert dem Motto Dummytraining. Mir wäerte moies a nomëttes mat den Hënn schaffen, no enger Mëttespaus.
Matmaache kann all erwuessenen, fitten Hond, dee roueg am Grupp schaffe kann. Basis-Dummykenntnisser, wéi proppert Bréngen, Suchepfiff an Aweisen si Viraussetzung. (keng Einsteiger!)
Een Dag kann och eenzel gebucht ginn, Virtrëtt hunn awer déi Leit, déi béides buchen.
Et gi 6 Plazen.
Termin: 17. & 18. Mee 2025
Auerzäiten:
Samschdeg: 09:00 bis ca. 14:00 Auer
Sonndeg: 10:00 bis ca. 16:00 Auer (1h Mëttegpaus - Selbstverpflegung)
Präis 2 Deeg: 200 €
Präis 1 Dag:
Hike: 60 €
Fetch: 160 €
Special Retriever Dummy Seminar
Hei geet et ausnamsweis net ëm Golden a Labrador Retriever, mee ëm déi Retriever Rassen, déi (bal) kee kennt, resp. och net mat hirer Art a Weis esou vertraut ass, wat den Training ubelaangt:
Et geet ëm de Curly Coated, de Nova Scotia Duck Tolling an den Chesapeake Bay Retriever.
Déi dräi Rassen ënnerscheede sech duerch e puer Verhalensweise vun deenen anere dräi Retriever-Rassen, sou datt een hei och am Training muss anescht virgoen. All erwuessenen Curly, Chessie oder Toller kann deelhuelen. Ech stelle mech op all Trainingsstand an.
Et gi 6 verfügbar Plazen.
Termin: 01. Juni 2025
Auerzäit: 10:00 bis ca. 16:00 Auer (1 h Mëttegpaus - Selbstverpflegung)
Präis: 150 €