Seminarer

Dummy Einsteiger Seminär

E Seminär fir Einsteiger, resp. frësch Ufänger, déi nach wéineg Kenntnisser am Dummy hunn.

Mir konzentréieren eis op Basiselementer, wéi de "kleiner Suchenpfiff", déi "Grouss Sich", d'Grondstellung an éischt Aweisen-Übungen. Eng zolid Basis ass immens wichteg am Dummy, sou datt een dës Elementer net oft genuch trainéiere kann. Dëse Seminär ass och eng ideal Méiglechkeet fir ze kucken, ob deen eegenen Hond roueg am Grupp schaffe kann. 

Deelhuelen kënnen Hënn ab 4 Méint al. 

Et gi 4 verfügbar Plazen.

 

Termin: 10. Mee 2025

Auerzäit: 15:00 bis ca. 18:00 Auer 

Präis: 90 €


Hike & Fetch

Wander- & Dummy-Weekend

Een Dag wanderen duerch eist schéint Mëllerdall an een Dag Dummytraining, dat ass Hike & Fetch. 

Mir wäerte samsdes e flotten Tour duerch eis schéi Natur maachen a mëttes op enger Terrass eis stäerken. 

Sonndes steet dann alles ënnert dem Motto Dummytraining. Mir wäerte moies a nomëttes mat den Hënn schaffen, no enger Mëttespaus. 

 

Matmaache kann all erwuessenen, fitten Hond, dee roueg am Grupp schaffe kann. Basis-Dummykenntnisser, wéi proppert Bréngen, Suchepfiff an Aweisen si Viraussetzung. (keng Einsteiger!)

Een Dag kann och eenzel gebucht ginn, Virtrëtt hunn awer déi Leit, déi béides buchen.  

Et gi nach 5 Plazen verfügbar.

 

Termin: 17. & 18. Mee 2025

Auerzäiten:

Samschdeg: 09:00 bis ca. 14:00 Auer

Sonndeg: 10:00 bis ca. 16:00 Auer (1h Mëttegpaus - Selbstverpflegung)

 

Präis 2 Deeg: 200 €

 

Präis 1 Dag:

Hike: 60 €

Fetch: 160 €


Special Retriever Dummy Seminar

Special Retriever Dummy Seminar

Hei geet et ausnamsweis net ëm Golden a Labrador Retriever, mee ëm déi Retriever Rassen, déi (bal) kee kennt, resp. och net mat hirer Art a Weis esou vertraut ass, wat den Training ubelaangt: 

Et geet ëm de Curly Coated an den Chesapeake Bay Retriever. 

Déi zwou Rassen ënnerscheede sech duerch e puer Verhalensweise vun deenen anere Retriever-Rassen, sou datt een hei och am Training muss anescht virgoen. All erwuessenen Curly oder Chessie kann deelhuelen. Ech stelle mech op all Trainingsstand an. 

Et gi 6 verfügbar Plazen.

 

Termin: 08. Juni 2025

Auerzäit: 10:00 bis ca. 16:00 Auer (1 h Mëttegpaus - Selbstverpflegung)

Präis: 160 €


Foussaarbecht "Retriever Style"

Foussaarbecht ass e ganz wichtegen Deel vum Dummytraining. Et ass awer wichteg, datt heivir en Hond léiert no vir ze kucken a net erop bei säi Mënsch. Dofir ass hei en aneren Opbau néideg. 

Dëst a méi behandele mir an dësem Seminär. 

Mindestalter: 6 Méint

Et gi 6 verfügbar Plazen.

 

Termin: 21. Juni 2025

Auerzäit: 15:00 bis ca. 18:00 Auer 

Präis: 90 €

 


Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.