Ënner Hondserzéiung falen all meng Déngschtleeschtungen, wéi Verhalensberodungen, Welpen-Preventioun oder Gruppecoursen.
Och wa verschidde Coursen sech ëm formaalt Léieren (Gehorsam/Dressur) dréinen, läit mäi Fokus awer op der Erzéiung (soziaalt Léieren) vum Hond, besonnesch am Verhalenstraining an an der Welpen-Preventioun.
Am Verhalenstraining geet et net drëm, Hënn ze dresséieren, mee op hier Bedürfnisser anzegoen, hinne Verantwortung ofzehuelen a nei Léisungsméiglechkeeten opzeweisen. Heivir ass eng grouss Selbstreflexioun vun de Besëtzer néideg.
An der Welpen-Preventioun geet et drëms déi richteg Weiche ze leën, fir en harmonescht Zesummeliewen z'erméiglechen an ze evitéieren, datt sech Problemverhalen entwéckele kann.
Dir fannt weider Informatiounen zu der Hondserzéiung op deene jeweilege Säiten.