D'Gruppecoursen fannen ëmmer Samsdes Nomëttes statt an op festgeluechte Rdvër. All Cours gëtt a Bléck zu 4 bis 6 Rdvër organiséiert.
Meng Coursen fannen gréisstendeels am alldeegleche Liewe statt, d.h. am Bësch, an engem Park, um Feld, an enger Foussgängerzon, etc. Sou kann een en Hond op allméiglech Situatiounen, déi engem am Alldag iwwert d'Féiss falen, och adequat virbereeden.
Et gi max. 6 Hënn pro Cours ugeholl. All Rasse si wëllkomm.
E Cours fënnt bei mind. 3 Umeldungen statt.
Präis:
1 Séance (eenzel bezuelt): 35 €
4 Séancen (Package): 120 €
6 Séancen (Package): 180 €
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen.)
Life Skills II - Dëse Cours ass fir all Teams, déi schon eng Basis u Gronderzéiung, resp. Grondgehorsam hunn an awer nach gären dat Eent oder Anert ausschaffen, besonneg mat Oflenkung duerch d'Grupp.
Mir behandelen Theme, wéi Leinefürung, Fräilaf (Radiuskontroll), Impulskontroll a Frustratiounstoleranz, Réckruff, Bleiwen a Waarden, Alldagsgehorsam.
All Rassen ab dem Alter vun ca. 5 Méint si wëllkomm.
Keng Leinepöbler!! (Fir déi Kandidaten ass den Hondsbegéinungscours)
Präiss: 180 € fir 6 festgeluechte Rdver
Umeldungen: 1 vu 6
Wéini? 15:00 Auer
Dauer: 60 min.
Terminer: 24.05.; 07.06.; 14.06.; 28.06.; 12.07.; 19.07.2025
Participatioun op eege Gefor
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)
Et kann ee villes an der Opzuucht an am Ëmgang mam Hond falsch maachen, datt ee méi oder manner onbewosst en Hond zum Joen erzitt.
An dësem Cours kriss du eng Uleedung, op wat's du am Alldag (doheem an dobaussen) oppasse muss, fir datt et guer net esou wäit kënnt, resp. deng Spazéiergäng mam Hond méi entspaant ginn.
Dëse Cours geet wäit iwwer déi üblech Saachen, wéi Alternativverhalen opbauen, Ersatzbeschäftegung notzen a Réckruff trainéieren eraus.
Du bass interesséiert? Da mell dech un!
All Rassen ab dem Alter vun 3 Méint si wëllkomm, besonnesch och Welpen/Jonk Hënn vu Juegdhondsrassen, déi net juegdlech gefouert (solle) ginn.
Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver
Umeldungen: 0 vu 4
Wéini? 16:00 Auer
Dauer: 60 min.
Terminer: 28.06.; 12.07.; 19.07.; 02.08.2025
Participatioun op eege Gefor
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)
Weider Course si geplangt!! z.B. Leinefüregkeet, Réckruff 2.0 ... Also... Stay tuned!! ;)