Grad an der Welpenzäit (bis ca. déi 20. Woch), resp. och an der Junghundephase, ass et immens wichteg, Ärem Hond déi néideg Erzéiung zoukommen ze loossen - individuell u Perséinlechkeet, Rass a Bedürfnisser ugepasst.
Eng gutt Basis u Gronderzéiung, wat net "Sitz" oder "Platz", etc. ass, ass immens wichteg, fir Ärem Hond spéider en aartgerecht, harmonescht a fairt Liewen ze erméiglechen.
Welpebesëtzer kënne, nom Éischtgespréich, a weideren Eenzelstonnen un Themen, wéi Sozialisatioun, Beisshemmung, Eleng-bleiwen, Reegelen opsetzen, Grenze setzen, Frustratiounstoleranz steigeren, awer och un der Orientéierung, Leineführegkeet, Réckruff, Waarde kënnen, Selbstregulatioun/Impulskontroll, etc. mat hirem Welpe weiderschaffen.
Sitz, Platz & Co. spille just eng ënnergeuerdent Roll a menge Welpeberodungen.
Dës Eenzelstonne fannen entweder bei Eech doheem, bei mir an der/ronderëm d'Praxis zu Chrëschtnech oder am alldeegleche Liewen dobaussen statt. Sou kënne mir d'Oflenkungen an d'Schwieregkeeten lues a lues steigeren.
Präisser:
Éischtgespréich/Eenzelberodung/Training am alldeegleche Liewen: 60 Min.: 90 €
Fir all weider 15 Min. komme je 20 € zzgl. derbäi (90 Min.: Maximaldauer)
Éischtgespréich/Eenzelberodung/Training an/ronderëm d'Praxis zu Chrëschtnech: 60 Min.: 75 €
Fir all weider 15 Min. komme je 15 € zzgl. derbäi (90 Min.: Maximaldauer)
Éischtgespréich/Eenzelberodung/Training bei Eech doheem: 120 Min.: 180 € *
Fir all weider 15 Min. komme je 20 € zzgl. derbäi (180 Min.: Maximaldauer)
D'Éischtgespréich gëtt sur place bezuelt - cash/Payconiq.
Dono gëtt all Berodung/Training am Viraus iwwerwisen/payconiqt, resp. spéitstens den Dag selwer bezuelt (cash/Payconiq).
Bei Ofsoen vu manner wéi 24 Stonnen am Viraus gëtt de Rdv voll berechent.
Participatioun op eege Gefor.
* bei > 50 km ee Wee, gi Frais de route (hin an zeréck) an Héicht vun 0,50 €/km ab Chrëschtnech. derbäigerechent.
** Befort, Berdorf, Chrëschtnech, Consdorf, Fëschbech, Fiels, Hiefnech, Iermsdrëf, Jonglënster, Miedernach, Miersch, Noumer, Steeën, Waldbëlleg...