Hondserzéiung

Ënner Hondserzéiung falen all meng Déngschtleeschtungen, wéi Verhalensberodungen, Welpen-Preventioun oder Workshops. 

Och wa verschidde Workshops sech ëm formaalt Léieren (Gehorsam/Dressur) dréinen, läit mäi Fokus awer op der Erzéiung (soziaalt Léieren) vum Hond, besonnesch an der Verhalenstherapie an an der Welpen-Preventioun. 

An der Verhalenstherapie geet et net drëm, Hënn ze dresséieren, mee op hier Bedürfnisser anzegoen, hinne Verantwortung ofzehuelen a nei Léisungsméiglechkeeten opzeweisen, fir datt si hiert "Problemverhalen" net méi weise mussen. Heivir ass eng grouss Selbstreflexioun vun de Besëtzer néideg. 

An der Welpen-Preventioun geet et drëms déi richteg Weiche ze leën, fir en harmonescht Zesummeliewen z'erméiglechen an ze evitéieren, datt sech Problemverhalen iwwerhaapt entwéckele kann.  

 

Dir fannt weider Informatiounen op deene jeweilege Säiten:

Method

Verhalensberodung

Welpen-Preventioun

Workshops