D'Gruppecoursen fannen ëmmer Samsdes Nomëttes statt an op festgeluechte Rdvër (an der Reegel all 14 Deeg). All Cours gëtt a Bléck zu 4 bis 6 Rdvër organiséiert.
Meng Coursen (och Eenzelstonnen) fannen am alldeegleche Liewe statt, d.h. am Bësch, an engem Park, um Feld, an enger Foussgängerzon, beim Waasser, ënner Leit/Hënn/Geräischer... Nëmme sou kann een en Hond op allméiglech Situatiounen, déi engem am Alldag iwwert d'Féiss falen, och adequat virbereeden.
Präis:
1 Séance: 35 €
4 Séancen: 120 €
6 Séancen: 180 €
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)
2025 fänke mer un mat engem Welpecours, oder och Life Skills I.
Alter Hond: ca. 12 bis ca. 24 Wochen
Besonneg an der Welpenzäit ass et wichteg, engem Hond déi néideg Kompetenzen, wéi Selbstregulatioun, Impulskontroll, Gedold... mat op de Wee ze ginn. Awer och Themen, wéi d'Sozialisatioun mat Glaichaltregen, oder Ënnergrënn, Plazen, Geräischer, Mënschen an aneren Déieren si wichteg. Da ginn och nach kleng Übungen fir d'Leinefürung, Réckruff, etc. ëmgesat. Dëst kann een alles wonnerbar an enger klenger Grupp zesummen mat anere Welpebesëtzer.
Dofir gi net méi wéi 4 Muppen ugeholl. All Rasse si wëllkomm.
Eenzeltraining parallel zum Cours mécht hei absolut Sënn.
Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver oder eenzel 35 € pro Séance
Umeldungen: 0 vu 4
Wéini? Um 15:00 Auer
Start: 01.02.2025
Dauer: 60 min.
Terminer: 01.02.; 15.02.; 01.03.; 22.03.2025
Participatioun op eege Gefor
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)