D'Gruppecoursen fannen ëmmer Samsdes Nomëttes statt an op festgeluechte Rdvër. All Cours gëtt a Bléck zu 4 bis 6 Rdvër organiséiert.
Meng Coursen fannen gréisstendeels am alldeegleche Liewe statt, d.h. am Bësch, an engem Park, um Feld, an enger Foussgängerzon, etc. Sou kann een en Hond op allméiglech Situatiounen, déi engem am Alldag iwwert d'Féiss falen, och adequat virbereeden.
Präis:
1 Séance: 35 €
4 Séancen: 120 €
6 Séancen: 180 €
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen.)
2025 fänke mer un mat engem Welpe-/Junghundecours, oder och "Life Skills I" an engem Hondsbegéinungscours.
Besonneg an der Welpenzäit a Junghundezäit ass et wichteg, engem Hond déi néideg Kompetenzen, wéi Selbstregulatioun, Impulskontroll, Gedold... mat op de Wee ze ginn. Awer och Themen, wéi d'Sozialisatioun an d'Expositioun si wichteg. Da ginn och nach kleng Übungen fir d'Leinefürung, Réckruff, etc. ëmgesat. Dëst kann een alles wonnerbar an enger klenger Grupp zesummen mat anere Welpebesëtzer.
Dofir gi net méi wéi 4 Muppen ugeholl. All Rasse si wëllkomm. Alter Hond: ca. 12 bis ca. 28 Wochen
Eenzeltraining virum/parallel zum Cours mécht hei absolut Sënn.
Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver
Umeldungen: 1 vu 4
Wéini? Um 15:00 Auer
Dauer: 60 min.
Terminer: 01.03.; 22.03.; 05.04.; 19.04.2025
Participatioun op eege Gefor
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)
Hondsbegéinungen op dengem Spadséiergang: E leidegt Thema. Däin Hond zitt, rappt, billt oder pöbelt? Däin Hond wëll Moie-Soe goen oder Spillen? Du packs däin Hond net méi, wann een aneren Hond vu wäitem optaucht? Dann ass dëse Cours dat Richtegt fir dech an däin Hond.
Fir a Rou kënnen ze schaffen gi net méi wéi 4 Muppen ugeholl. Mir behandelen Theme, wéi Leinefürung, Stress, Frust, Impulskontroll a Selbstwirksamkeet.
All Alter an all Rasse si wëllkomm.
Eenzeltraining virum/parallel zum Cours mécht hei absolut Sënn.
Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver
Umeldungen: 0 vu 4
Wéini? Um 16:00 Auer
Dauer: 60 min.
Terminer: 01.03.; 22.03.; 05.04.; 19.04.2025
Participatioun op eege Gefor
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)