Method

Ech hëllefen Eech e bessert Verständnis zwëschen Eech an Ärem Hond z'entwéckelen an bidden Eech Ënnerstëtzung fir en harmonescht a fairt Mateneen mat Ärem Hond z'erreechen. D'Berodung bezitt sech haaptsächlech op Eech als Mënsch: Muppen fëllen mat hire Reaktioune gären d'Lücken, déi mir hinnen bidden, sou bewierkt ee nëmmen eng Verännerung beim Hond, wann een och eppes bei sech verännert. Sou huelen ech jiddereen do of, wou e steet a wat en am Stand ass ëmzesetzen, a versiche sou all Mënsch a Bezuch op säin Hond ze fërderen, awer och ze fuerderen a sou ze stäerken. Ech bidden eng ganzheetlech Berodung un. 

 

Ech hu net déi eng Method, déi ech all Mënsch-Hond-Team iwwerstülpen an dann hoffen, datt dat scho funktionéiert. Éierlech gesot, schaffen ech guernet no enger bestëmmter Method.

An der Hondserzéiung gëtt et och keng Patentrezepter a schnell (Wonner)Resultater. 

 

Erzéiung ass net d'Erléieren vu Kommandoen. Erzéiung heescht virun allem Bezéiung, kloer Reegelen, geziilt Grenzen setzen fir Fräiheete loossen ze kënnen. Ouni eng gutt Bezéiung an eng sécher Bindung geet et net. Eng sécher Bindung déi duerch Vertrauen, Souveränitéit, kloer Reegelen a géigesäitege Respekt gepräägt ass. 

 

Och de geziilten Asaz vun der eegener Kierpersprooch an d'Erléieren vun der "Hondssprooch" ass immens wichteg. Et geet bei der Erzéiung vum Hond, änlech wéi beim Mënsch, ëm e soziaalt Léieren: D'Ausbauen vu soziale Kompetenzen fir an der haiteger Welt eens ze ginn. Also net Sitz, Platz a Fuß, wat dat formaalt Léieren ass a mat Erzéiung näischt ze dinn, awer sécherlech seng Berechtegung huet - just net fir Problemer ze léisen. Ween also en Training à la Sitz, Platz, Fouss a Gëff Patt sicht, ass bei mir net richteg. Net wëll ech dat net kann, mee well dat bei Problemer näischt ännert a bei Welpen definitiv net prioritär ass.

 

Den intuitiven Ëmgang mam Hond ass wichteg. De Begrëff Autoritativ Erzéiung erkläert et ganz gutt: 

"Kontrollierend mit klaren Regeln, beinhaltet aber Zuneigung, Empathie und Toleranz für die Bedürfnisse der Gemeinschaft." D.h. fair, respektvoll a kompetent.