Welpen: Preventioun

Grad an der Welpenzäit (bis ca. déi 20. Woch) ass et immens wichteg, dem Welpen déi néideg Erzéiung zoukommen ze loossen - individuell u Perséinlechkeet, Rass a Bedürfnisser ugepasst. 

Eng gutt Basis u Gronderzéiung, wat net "Sitz" oder "Platz", etc. ass, ass immens wichteg, fir dem Welpen spéider en aartgerecht, harmonescht a fairt Liewen ze erméiglechen. 

Welpebesëtzer kënne, nom Éischtgespréich,  a weideren Eenzelstonnen un Themen, wéi Sozialisatioun, Beisshemmung, Eleng-bleiwen, Reegelen opsetzen, Grenze setzen, Frustratiounstoleranz steigeren, awer och un der Orientéierung, Leineführegkeet, Réckruff, Waarde kënnen, Selbstregulatioun/Impulskontroll, etc. mat hirem Welpen weiderschaffen. 

Sitz, Platz & Co. spille just eng ënnergeuerdent Roll a menge Welpeberodungen. 

 

Dës Eenzelstonne fannen entweder bei Eech doheem, bei mir an der Praxis oder am alldeegleche Liewen dobaussen statt. Sou kënne mir d'Oflenkungen an d'Schwieregkeeten lues a lues steigeren. 

 

Präisser: 

Éischtgespréich oder Eenzelstonnn am alldeegleche Liewen:

ca. 60 Min.: 80 € 

Fir all weider 15 Min. komme je 20 € zzgl. derbäi, d.h.

75 Min.: 100 €

90 Min.: 120 € (Maximaldauer)

  

Éischtgespréich oder Eenzelberodung/Training bei Eech doheem (laang Streck - am ganze Land):

120 Min.: 160 € *

Fir all weider 15 Min. komme je 20 € zzgl. derbäi

 

Eenzelstonn/Training bei Eech doheem (kuerz Streck - max. 20 km):

60 Min.: 80 € *

Fir all weider 15 Min. komme je 20 € zzgl. derbäi, d.h.

75 Min.: 100 €

90 Min.: 120 € (Maximaldauer)

 

Ab September:

Éischtgespréich oder Eenzelstonnn bei mir an der Praxis zu Chrëschtnech:

ca. 60 Min.: 75 € 

Fir all weider 15 Min. komme je 15 € zzgl. derbäi, d.h.

75 Min.: 90 €

90 Min.: 105 € (Maximaldauer)

 

 

D'Éischtgespréich gëtt sur place bezuelt - cash/Payconiq.

Dono gëtt all Berodung/Training am Viraus iwwerwisen/payconiqt, resp. spéitstens den Dag selwer bezuelt (cash/Payconiq).

Bei Ofsoen vu manner wéi 24 Stonnen am Viraus gëtt de Rdv voll berechent.  

 

Participatioun op eege Gefor. 

 

* bei > 50 km ee Wee, gi Frais de route (hin an zeréck) an Héicht vun 0,50 €/km ab Chrëschtnech. derbäigerechent.

** Befort, Berdorf, Chrëschtnech, Consdorf, Fëschbech, Fiels, Hiefnech, Iermsdrëf, Jonglënster, Miedernach, Miersch, Noumer, Steeën, Waldbëlleg...