D'Zil vun der Hondsphysiotherapie ass et Péng ze miniméieren, d'Heelung ze fërderen an d'Liewensqualitéit
vum Hond ze verbesseren an ze erhalen.
An der Hondsphysiotherapie geet et drëms gestéiert Funktiounen am Beweegungsapparat ze behiewen.
Zil ass et och, Péng ze miniméieren, Beweegungsofleef a Gelenkbeweeglechkeet ze normaliséieren. resp. ze erhalen an d'Fitness vum Hond ze verbesseren - bis an den héijen Alter.
Duerch geziilt physiotherapeutesch Moossname kënnen Heelungsprozesser verkierzt an den Däiwelskrees vu Fehlbelaaschtung, Schounhaltung a Péng kann ënnerbrach ginn.
Physiotherapie ass e wichtegen Deel fir e gesond a fit Liewe vun Ärem Hond.
Physiotherapie ersetzt natierlech net de Besuch beim Veterinaire, mee ergänzt d'Behandlung bei dësem a verschiddene Fäll.
Fir meng Clienten beschtméiglech behandelen ze kënnen hunn ech mir doheem eng Praxis ageriicht, mat eegener Entrée - barrière-fräi. Parkplaz ass virun der Dier.
Ech hu vu November 2022 bis Februar 2024 d'Formatioun fir "Hundephysiotherapeutin" bei der AFH (Aus- und Fortbildungszentrum für Hundegesundheit) mat schrëftlecher, mëndlecher a praktescher Prüfung am Februar erfollegräich ofgeschloss. www.afh-luxembourg.lu
Am März 2024 hunn ech "Hunde-Fitness-Coaching" Fortbildung bei der Dogtisch Academy ugefaang, fir mech an dësem Bereich weider ze forméieren.
Wee mech kennt weess, datt weider Formatiounen nach um Plang stinn, z.B.
3 Deeg Atemtherapie bei Handsondogs am September 2024 &
2 Deeg zum Thema Dorntherapie beim Susanne Schmitt am Oktober 2024
Webinar "Gangbildanalyse des Hundes" mam Peter Rosin
Webinar "Gangbildanalyse des Hundes - erweitert" mam Peter Rosin
...