Fokus

Niewend der ganzheetlecher Behandlung vu klenge Boboën, wéi Gelenks- a Muskelfunktiouns-stéierungen; Verspaanungen a Muskelen & Verkliewungen a Faszien, etc., läit mäi Fokus an der Hondsphysio och op der Fitness vum Hond. 

 

Mäi Fokus:

- Schmäerzreduktioun, resp. Schmäerzbehiewung

- Krankegymnastik no Operatiounen, Trauma, etc.

- Koordinativ Fäegkeeten ausbauen, resp. erhalen

- Muskelopbau/Muskelerhalt

- Gewiichtsreduzéierung bei Iwwergewiicht

- Fitness bis an den héigen Alter

- Fitness fir "Sporthënn"

- Geriatrie

- Rehabilitatioun

- Wuelbefanne vum Hond (Wellness)

 

Duerch meng laangjäreg Erfarung mat méi schwieregen Hënn, sinn och déi a menge physiotherapeutesche Behandlunge wëllkomm.