Kierperaarbecht

Kierperaarbecht fällt éischter ënner de Begrëff vun der Verhalenstherapie. Trotzdem beschreiwen ech et hei bei der Hondsphysiotherapie, well den Usaz änlech ass an d'Kierperaarbecht och a menger Praxis duerchgefouert gëtt.

An der Kierperaarbecht gëtt iwwer kierperlech Kontakter en Zougang zum Hond gesicht fir d'Kommunikatioun zum Hond ze schoulen. Besonneg onroueg oder onsécher Hënn profitéieren vun dësen Techniken. D'Kierperaarbecht gëtt vu mir un Ärem Hond ëmgesat. 

 

Bei Interessi oder weidere Froe kënnt Dir Eech gäre mellen.