- Nodeems Dir Eech fir e Rdv gemellt hutt, kritt Dir e Formulaire vu mir zougeschéckt, wou Dir mir Informatiounen iwwert Ären Hond androt, wéi Rass, Alter, Geschlecht, etc.
- Ären éischte Rdv ass eng Anamnese: Befundung
Hei notéieren ech mir Doneeën vun Ärem Hond iwwer Ernierung, Training (Hondssport), Diagnosen (Krankheeten & Operatiounen) vum Veterinaire, etc. a féieren eng Befundung vun de Gelenker an eng Ganganalyse duerch. Bréngt hei wgl.. och Röntgenbiller mat, wann Dir dat hutt.
Op dës Befundung gëtt den Therapieplang baséiert.
- A de follgende Rdvër gëtt Ären Hond sengem Plang no behandelt, resp. gi preventiv Moossnamen ergraff oder Ären Hond kritt eng kleng Wellnessbehandlung. ;)
A wéi engen Ofstänn Dir mat Ärem Hond komme musst hänkt vun der Befundung of.
Opgepasst:
- Ären Hond soll mind. 2 Stonne viru sengem Rdv näischt gees hunn. (Mat vollem Bauch schafft et sech net gutt.)
- Falls Ären Hond eng ustiechend Erkrankung (Mo-Daarm-Gripp, etc.) oder Féiwer huet, da sot mir wgl.. mat Zäit Bescheed a mir verschiben Äre Rdv.