Philosophie

"Mens sana in corpore sano" - e gesonde Geescht an engem gesonde Kierper - dat war an ass meng Philosophie a meng nei Approche a menger Aarbecht.

Ech sinn der Meenung, datt dat Eent net ouni dat Anert fonctionéiert, sou datt ech meng Berodungen op deen nächste Level hiewen a menge Clientë souwuel eng Verhalensberodung  wéi och eng physiotherapeutesch Behandlung fir hiren Hond ubidden; sief et bei Verhalensproblemer oder preventiv, fir verschidden Themen iwwerhaapt net opkommen ze loossen. 

Natierlech spillt de Mënsch, den Hondsbesëtzer, nach ëmmer eng ganz grouss Roll an der Behiewung vu Verhalensproblemer beim Hond, mee "geet et dem Hond gutt, geet et dem Mënsch gutt".

Sou kann ech béide Parteien op hirem Wee fir en harmonescht Zesummeliewen hëllefen. 

 

Maacht elo Äre Rdv